En Dënschdeg den Owend hunn déi Responsabel vun der Gemeng zwee grouss Projeten der Ëffentlechkeet virgestallt.

Engersäits de PAP vum neie Quartier Faiencerie am Rollengergronn. Also do, wou Villeroy et Boch wärend 175 Joer Parzeläin produzéiert huet. An da geet et och en neie Bebauungsplang fir d'Stäreplaz. D'West Entrée vun der Stad, déi zanter 30 Joer Politik an Architekten beschäftegt. 3 Hektar déi zanter Joerzéngt brooch leien.

Um Internetsite Luxatlas fënnt e Bebauungsplang fir d'Stäreplaz vun 1969. Den Ufank vun engem bis Haut onendlechen Gewulls wat an Tëschenzäit zum Trauerspill gouf. Deemools scho goufe sech Gedanke gemaach, de Quartier nei ze gestalten.

Dréie mer d'Rad vun der Zäit weider. An d'Enn vun den 80er Joren. D'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg Lydie Polfer presentéiert 3 Maquetten, wéi sech d'Stäreplaz an Zukunft presentéiere kéint.

Sou séier wéi méiglech sollten d'Pläng ëmgesat ginn. E fromme Wonsch, deen net an Erfëllung goung. Virop well et dem Staat iwwer d'Jore just gelongen ass, 49% vun den Terrain a säin Besëtz ze kréien.

Ëmmer nees louchen ambitiéis Bebauungspläng um Dësch. Wei 1994. Mä mat virun allem engem Promoteur huet e Aarmdrécken ugefaange, dat déi successiv Buergermeeschter, Polfer - Helminger - Bettel an nees Polfer, grad wéi déi zoustänneg Bauteminister bis Haut ouni Zweiwel net vergiess hunn.

D'Stäreplaz huet sech zum gëllene Schandfleck vun der Stad Lëtzebuerg delabréiert. Lues a lues sinn d'huel Zänn an e Koup gefall, iert de Bagger hinnen e leschte Stouss gouf.

2009 koum ënnert dem Buergermeeschter Paul Helminger nei Hoffnung op. Butteker, Büroen a Wunnengen sollten Endlech aus dem Buedem schéissen. Ze massiv, ze héich a weidert Gestreits ënner Promoteuren, sou bloufen alt nees d'Bagger am Schapp.

Alt nees ee Projet, dee säin Wee net duerch de Lëtzebuerger Jungel gepackt huet. D'Onkraut konnt fir e weidert Joerzéngt opootmen.

Dësen Dënschdeg gouf also en neien Ulaf geholl. En neien Plan d'Aménagement Particulier läit um Dësch. Mat alt nees der grousser Fro: kommen d'Bagger endlech an den Asaz. Kritt d'Stad Lëtzebuerg eng moderne, würdeg West-Entrée, wou Wunnen, Schaffen, Akafen a Mobilitéit kombinéiert ginn?

D'Lydie Polfer iwwert de Bebauungsplang op der Stäreplaz
D'Stater Buergermeeschtesch ass iwwerzeegt, dass dëse Plang ka realiséiert ginn. Et ass ze hoffen, dass et elo weidergeet.

No de PAPe Franck, Fabeck an Chapman-Taylor läit elo mam PAP Stäreplaz d'Nummer 4 um Dësch.

Nei Stater Quartieren / Reportage Dany Rasqué

Virgesinn sinn 52.000 Metercarré Logementer, 38.000 Metercarré Büroen a knapp 13.000 Metercarré Geschäfter, opgedeelt op véier Komplexer mat Gebaier, 4 Iloten, déi der Stäreplaz en neit modernt Gesiicht solle ginn. Den Autostrafic gëtt deviéiert, verschwënnt awer net ganz wéi d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert.

Nieft enger ënnerierdescher Busgare ass eng nei Linn fir den Tram bis op Stroossen virgesinn an am Projet huet och déi douce Mobilitéit e besonnesche Stellewäert.

Wéi séier déi Pläng kënnen ëmgesat ginn, hänkt notamment dovunner of, wéi vill Reklamatioune bei der Stad Lëtzebuerg eraginn. Vereenzelt kritesch Stëmme gouf et scho en Dënschdeg den Owend.

"Firwat kréie mer just Luxuswunnengen?" wollt en anere Bierger wëssen, ma d'Lydie Polfer huet verséchert, datt déi 3 Residencen, déi d'Stad Lëtzebuerg an deem ganze Projet huet "normal" Wunnenge ginn.

Maximal kënnen - dem PAG no - 935 Logementer gebaut ginn. Op 10 Prozent vun der Brutto Bebauungsfläch entsteet "abordabele" Wunnraum.

Am Rollengergronn, entsteet op 850 Ar deen zweeten neie Quartier, dee virgestallt gouf. De Quartier Faïencerie, an deem fir d'Stater Buergermeeschtesch de Patrimoine eng wichteg Roll spillt. Den Industriesite vu Villeroy et Boch an d'Schlass vu Siwebueren.

Knapp 68.000 Metercarré Wunnraum si virgesinn, opgedeelt op ronn 800 Unitéiten. 11.000 Metercarré ginn als Bürosfläch genotzt a méi wéi 6.000 Metercarré si fir de Commerce reservéiert.