En Dënschdeg den Owend géint 21 Auer gouf e Buschauffer vun 3 Onbekannten op der Gare um Boulevard Kennedy aggresséiert.

Duerno hu si sech a Richtung Gemengeplaz aus dem Stëbs gemaach. De Mann gouf nom Ugrëff an d'Spidol bruecht.

Wéi d'Police schreift, wier ee vun den Täter grouss a vu schlanker Statur. Donieft hat hien eng Mutz vun der Mark Lacoste un an eng kakifaarweg Jackett.