Op 3 Punkte wëll d'Ministesch Sam Tanson de Code pénal änneren.

Déi rezent Manifestatiounen, bei deenen deels och Demonstranten mat de Forces de l'ordre uneneegerode waren, stoungen e Mëttwoch de Moien um Ordre du jour vun der Justizkommissioun vun der Chamber. An hei huet d'Justizministesch Sam Tanson eng Rei Annoncë gemaach.

D'Justizministesch huet den Deputéierte vun der Chamberkommissioun annoncéiert, wëllen de Code pénal op 3 Punkten z'änneren. Als éischt soll d'Späizen op Polizisten ënner Strof gestallt ginn, wat een an de leschte Wochen ëmmer erëm gesinn hätt. Ëmmerhin hätt op d'Polizisten ze späizen a Covid-Zäiten nach eng aner Bedeitung, wéi nëmmen den Net-Respekt vun de Beamten.

„De Fait, wann ee géint Poliziste rebelléiert, dat ass Stand haut schonn eng Infraktioun. Wa mir d'Strof do eropsetzen op 3 Joer, da gëtt dat och aner Moyenen herno an der Poursuite. An dann dee leschte Volet ass dee vun der Enquête sous pseudonyme. Dat ass, dass Enquêteure kënnen ënner Pseudonym am digitale Beräich enquêtéieren. Do ass d'Demande vum Parquet, fir dat auszewäiten. Am Moment geet dat just a Fäll vun Terrorismus a Staatssécherheet. Dat auszewäiten op méi Delikter ass elo d'Propos, déi mir der Chamber an de nächste Woche wäerte maachen."

Tanson annoncéiert Reform / Rep. Maxime Gillen

E Gesetz, fir en Demonstratiounsrecht op de Wee bréngen, wëll d'Ministesch iwwerdeems elo net.

„Dat si fundamental Froen, déi sech do stellen. Et ass e Grondrecht ze demonstréieren. An deene meeschte Fäll glécklecherweis zu Lëtzebuerg, déi mir bis elo kannt hunn, sinn dat Situatiounen, déi ganz gereegelt oflafen. Mir kennen elo zanter Méint Situatiounen, déi sech zougespëtzt hunn, wou eis Police extrem ënner Drock geroden ass an eng formidabel Aarbecht ëmmer erëm mécht. Dat ass natierlech eppes, wou mir eis musse prinzipiell d'Fro stellen, wéi mir an ob mir eis e gesetzleche Kader musse gi fir Demonstratiounen, esou wéi dat an anere Länner de Fall ass."

Déi annoncéiert Gesetzesännerunge sollen elo esou séier wéi méiglech op den Instanzewee bruecht ginn, esou nach d'Ministesch.
D‘CSV, déi de Punkt vun den Demonstratiounen op den Ordre du Jour gesat hat, begréisst dës Mesuren, ma fuerdert och e separat Demonstratiounsgesetz. Dat ënnert anerem fir och d‘Organisateure vun Demonstratioune kënnen zur Rechenschaft kënnen ze zéien, wéi den Deputéierte Laurent Mosar erkläert.

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar

"Déi Organisateure mussen déi Demonstratiounen umellen, mä et geet awer néierens Rieds wat geschitt, wa si dat net maachen. A wa si Leit zum Beispill incitéieren zu Gewalt, ass iwwerhaapt do näischt virgesinn. Do si mir awer nohalteg der Meenung, dass dat net esou ka sinn. A wann Dir iwwerall an de Nopeschlänner kuckt, net nëmmen a Frankräich, och an Däitschland, an der Belsch, do ginn et Demonstratiounsgesetzer, déi schafen e ganz klore Kader. Et geet iwwerhaapt elo hei net drëm fir d‘Demonstratiounsrecht anzeschränken. Au contraire, et muss jiddereen d‘Méiglechkeet hunn, fräi kënne fir seng Meenung ze demonstréieren. Allerdéngs wa Reegelen opgestallt gi vun der Police, vun der Gemeng da mussen déi Leit sech och dorunner halen."

Den CSV-Deputéierte war dann och frou, dass d‘Ministesch sech bereet gewisen huet, fir iwwert esou en Demonstratiounsgesetz ze diskutéieren.