
© RTL Archivbild
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 941 läit.
Aktuell sinn 72 (-4) Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 15 (-4) Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.177.944 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 633,01 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 302,31 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Am meeschte gelies