Den Tom Galizia ass just ee vu ville Fräiwëllegen, deen den Ament am Tracing-Zenter mathëlleft. Mir hu mam jonke Mann geschwat.

Den 1. Mäerz fänkt dem Tom seng Formatioun bei de Beruffspompjeeën un a bis dohinner hëlleft de Rousperter als Volontaire am Tracing-Zenter. Bis Enn Februar hëlleft den 22 Joer jonke Mann do aus, hie huet e Kontrakt op 200 Stonnen.

Den Ament ass hien a Formatioun a wann déi bis ofgeschloss ass, muss den Tom deene Leit uruffen, déi positiv op de Covid-19 getest goufen.

Den Tom Galizia ass eng vun 200 Persounen, déi pro Dag gebraucht ginn, fir de Service um Funktionéieren ze halen. 7 Deeg op 7. Geschafft gëtt all kéiers op 2 Schichten. Virun allem elo, wou et deeglech vill Neiinfektioune ginn, lafen Telefone waarm.

RTL

© Christophe Hochard / RTL

Leit vun der Réserve Sanitaire, der Douane, der Arméi, vun aneren Administratiounen oder och Benevoller engagéiere sech am Tracing-Zenter. Fangerspëtzegefill gëtt virun allem gebraucht, wann een enger positiv getester Persoun urifft.

Vill a laang Telefonsgespréicher hunn d'Mataarbechter hei am Service a si freeë sech och iwwer all positive Feedback.