Och dëst Joer ënnerstëtzt RTL de Projet „Media & Me“, fir interesséiert Studenten an de Beräicher "Medien a Kommunikatioun" d’Medie méi nozebréngen.

D'lescht Joer hu 14 Studenten aus de Beräicher Medien a Kommunikatioun aus dem SaarLorLux en Tour duerch d'Medienhaiser gemaach, fir do hanner d'Kulissen ze kucken. D'Anne, den Till an d'Lara, d'Participante vun 2021, deelen hei uewen driwwer hir Erfarungen.

Dëst Joer kréien nees jonk Leit d'Méiglechkeet, Andréck vun der Medielandschaft ze sammelen a kënne sech bis den 11. Mäerz 2022 mat enger kreativer Kandidatur, sief et e Motivatiounsschreiwes, eng Tounopnam, e Video oder soss eng originell Aart a Weis beim MedienNetzwerk SaarLorLux e.V. bewerben.

Mellt Iech u bei info@media-and-me.de. Dokumenter an Informatiounen, fir Är Kandidatur ofzeginn, fannt Dir ënnert dësem Artikel.

De Projet "Media & Me" gëtt organiséiert vum MedienNetzwerk SaarLorLux a Partenariat mat enge 26 Entreprisen an Institutiounen aus der Groussregioun.