De Waasserwerfer, deen den 11. Dezember bei enger Maniff géint d’Covid-Mesuren agesat gouf, "huet normaalt Leitungswaasser versprëtzt".

Dat äntwert de Policeminister Henri Kox op eng parlamentaresch Fro vun der ADR. Eenzel Leit hate gemengt, et hätt kënne Vaccin op d’Manifestante geschoss gi sinn.

D’Decisioun, fir de Waasserwerfer anzesetzen, wier vum Commandement operationnel vun der Police getraff ginn, heescht et an der Äntwert vum Henri Kox weider.

De Minister ënnersträicht, datt e Waasserwerfer net als Waff ze gesinn ass, mee als "Moyen de Contrainte", wéi d’Police der eng Rei huet an déi per Gesetz vun 1973 reglementéiert sinn.

Dat selwecht gëllt fir den Asaz vun den Hënn vun der Police.