Wéi d'Police mellt gouf an der Nuecht op e Méindeg zu Uewerkäerjeng eng Karawann geklaut. E weidert Gefier koum zu Ettelbréck ewech.

Tëscht 23 Auer e Sonndegowend an 8 Auer e Méindegmoie gouf eng Rulott mat de Géigestänn, déi dra waren, vun enger privater Parkplaz zu Uewerkäerjeng geklaut. Onbekannter hunn d'Ketten, mat där d'Karawann festgemaach war, duerchgeschnidden an d'Stelzen ewechgeholl, fir d'Gefier ewechzehuelen.

D'Rulott ass de Modell Saphir 465 vun der Mark FENDT an huet d'Plackennummer YE9521 (L).

Gefier zu Ettelbréck geklaut

E Méindeg de Mëtteg huet eng Persoun sech beim Policebüro zu Ettelbréck presentéiert, fir säi schwaarze Seat Ibiza als geklaut ze mellen. Den Auto wier géint 23 Auer an der Géigend vun der Gare um Parking "Wark 2" ofgestallt ginn. E Méindeg de Moie wier de Won mat der Plackennummer LC2812 (L) net méi op der Plaz gewiescht. Op der hënneschter Fënster ass ee groussen Autocollant mam Titel "Seat Club Lëtzebuerg".