D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonne 5.497 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg sinn zwou weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 945.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 5.497 positiv Fäll bei 14.338 Tester. Dës Zuel gouf aus de Grafike geholl, well d'Date vun den PCR-Tester sech hei vun deenen aus dem Dagesrapport ënnerscheeden.

229 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert. E Freideg waren et der 2.773, e Samschdeg 2.495. E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 57,06 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 27,16 op 100.000.

Den Ament sinn 71 Persounen hospitaliséiert, dovunner 12 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.205.466 Impf-Dosisse genotzt, 456.567 Leit gëllen als komplett geimpft.

Aktuell ginn et 27.367 aktiv Infektiounen, 114.755 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,25. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.