D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 945 bleift.

Aktuell sinn 70 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 11 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.203.423 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 423,61 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 204,99 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.