11 Beamte vun der Police a 6 Beamte vun der Douane hunn um Mëttwoch am Ganze 59 Autoe kontrolléiert.

Ënner anerem hate 5 Chauffeuren de Gurt net korrekt un. 15 mol haten Automobiliste mat hirem Handy hantéiert.

7 mol war d'technesch Kontroll ofgelaf. An 11 Fäll war d'Autossteier net bezuelt a bei 6 Automobiliste war d'Vignette net méi valabel.