Zanter dem Héichwaasser d'lescht Joer am Juli ass de Centre Atert zu Bartreng en eenzege Schantjen.

A bis den Hierscht 2023 wäert hei kee Sport méi kennen organiséiert ginn. Weder Schoul- nach Loisirs-Sport. Well sech Waasser ënnert der Hal gesammelt hat, ass de ganze Parquet futti.

Och d'Tribüne fir d'Zuschauer hu misse manuell ofgebaut ginn. Dës ginn elo op enger spezieller Plaz stockéiert. Eppes Klenges iwwer 4 Milliounen Euro kaschten d'Renovatiounsaarbechte vum Centre Atert.

Zanter ronn engen Dose Joren ass d'Hal d'Heemecht vum Bartrenger Basket, Volleyball an ënnert anerem dem Dëschtennis. Eleng d'Sparta huet eng 300 Jonker, opgedeelt op 20 Ekippen. Kuerzfristeg hunn déi Responsabel vum Bartrenger Basket missen ëmdenken, fir Trainingen an d'Matcher kënnen z'organiséieren. Dat ass vill Aarbecht.

Nieft der Bartrenger Gemeng gëtt eng nei Sportshal gebaut. Nom fréiere Buergermeeschter, Niki Bettendorf, gëtt si benannt. A ronn 3 Wochen ass dës nei Hal prett.

An der neier Hal ass Plaz fir 250 Spectateuren an de Käschtepunkt beleeft sech op iwwer 17 Milliounen Euro.