Wéinst den héijen Infektiounszuelen hëlt d'Escher Spidol drastesch Mesuren.

Vun e Freideg u si keng Visitte méi erlaabt, fir Patienten a Mataarbechter ze schützen. Dat deelt d'Spidol um Internetsite mat. Concernéiert sinn déi 3 Sitten Esch, Nidderkuer an Diddeleng, Ausname gëtt et fir d'Beräicher Maternité, Pediatrie a Fin de vie. D'Detailer gëtt et op chem.lu

Bei de Covidpatiente bleift d'Situatioun weider éischter stabel, méi Suerge maachen dem President vun der Spidolsfederatioun Dokter Philippe Turk no d'Ausfäll beim Personal wéinst dem Omikron.

D'Situatioun wier am Gaang, sech zanter 2-3 Wochen zouzespëtzen. A verschiddenen "Unités de soins" géif bis zu engem Véierel vun de Mataarbechter covidbedéngt den Ament feelen. Eng Rei Spideeler hätten dowéinst scho misse vereenzelt Unitéiten zou maachen.

Gréisser Deprogrammatioune wieren awer nach net virgesinn. Uganks nächster Woch géif een zesumme mat der Cellule de crise diskutéieren, wéi een am beschte kéint géigesteieren. Et misst ee forcement verhënneren, datt de Virus an d'Spidol erakënnt.