2.900 Demandë si bis ewell erakomm, preziséiert den Ausseminister. En Dënschdeg de Moie waren et der nach 2.500.

De Krich an der Ukrain huet weider Repercussiounen op d'Accueil-Capacitéiten hei am Land, well all Dag weider Familljen aus dem Krichsgebitt och op Lëtzebuerg kommen. D'Zuele gi vun Dag zu Dag an d'Luucht.

"Et ass esou, datt mer elo eng 1.000 Leit an eise Strukturen hunn. 1400 Better hu mer aktuell zur Verfügung. Mir hunn de Moien 2.500 Demande gehat. Déi Zuel ass am Laf vum Dag op 2900 an d'Luucht gaangen. Dir gesitt also, wéi séier dëst evoluéiert. Geschwë si mer dann op 3.000 Demanden", sou den Ausseminister Jean Asselborn.

Extrait Jean Asselborn

Den Ausseminister schwätzt an dësem Kontext vum Statut vun der zäitlech limitéierter Protektioun, déi jo europawäit den ukrainesche Flüchtlingen accordéiert gëtt. Dës Demande ginn vun der Direction de l'Immigration vum Ausseministère traitéiert. Wien dëse Statut bis huet, deem ass et och erlaabt, hei am Land ze schaffen; mannerjäreg Kanner gi scolariséiert.

Et wäerten der awer nach vill kommen, esou den Immigratiounsminister am RTL-Moiesjournal. Et hätt een den Ament iwwer 1.300 Better a Primostrukturen. Halen an der Lux-Expo an zu Mutfert solle bäikommen.

Am Centre culturel zu Mutfert stinn den Ament schonn eng 200 Better fir Flüchtlingen zur Verfügung an déi sinn och quasi all besat. Zënter e puer Deeg gëtt awer eng grouss Lagerhal zu Mutfert esou ëmgebaut an amenagéiert, dass an enger éischter Phas 500 Leit do e provisoreschen Daach iwwert dem Kapp kënne fannen. Dorënner och déi Refugiéeën, déi spéitstens den 11. Abrëll aus der Luxexpo The Box mussen eraus.

Zu Konter an der Sportshal nieft dem Gemengenhaus ginn iwwerdeems, wéi och op anere Sammelstatiounen am Land, Kleeder, Decken, Spillsaachen an Hygiènesartikelen un d'Flüchtlingen aus der Ukrain verdeelt. Aus dem ganze Land dierfen d'Leit wochendags tëscht 08h00-18h00 dohinner goen, si brauchen awer e Certificat.

Vill Leit si jo och scho privat bei Leit ënnerkomm. All Demandeur de Protection internationale hätt ënnert anerem d'Recht op 200 Euro pro Mount pro Persoun, egal ob e vum Staat oder privat ënnerbruecht ass.

Mat der temporärer Attestatioun vum Flüchtlingsstatut kréien d'Leit nieft dem Recht op e Logement natierlech och z'iessen an ze drénken. D'Kanner kënnen an d'Schoul goen an déi Erwuesse kënne sech op der Adem aschreiwen, wa se wëllen. Dernieft kann all Mënsch op medezinesch a psychologesch Betreiung zréckgräifen.

Fir de Krich huet de Lëtzebuerger Ausseminister nees kloer Wierder fonnt: De Putin hätt säi Gewëssen ewechgehäit. Et wier eng Schan fir d'Mënschheet a fir ze verzweiwelen, well wann ee militäresch géif intervenéieren, géif de Krich weider eskaléieren an diplomatesch wier de russesche President och net méi z'erreechen.

De kompletten Interview mam Jean Asselborn