Den 1. Offall-Musée weltwäit
De Musée ass net wäit ewech vum Roude Pëtz. D'Iddi, déi am Summer 2021 opkoum, gouf bannent 3 Méint realiséiert.
Entweder soll et spéider keen Dreck méi ginn oder awer et gi keng Ressourcë méi, fir nei Produite kënnen hierzestellen. D'Wuert "Knascht" oder "Offall" soll et spéitstens 2050 net méi am Sproochgebrauch ginn.
An dësem méi spezielle Musée entdeckt een eng ganz Partie u Knascht. Zesumme mam Projet "Youth & Work", wou et drëms geet, jonke Leit eng Aarbecht ze vermëttelen, gouf dëse Musée konzipéiert. 20 jonk Leit hu matgemaach.
De Musée ass elo nach bis Juni an der Stad Lëtzebuerg. Duerno geet et am Kader vun Esch2022 an d'Minettemetropole.
De groussen Dram vun de Responsabelen ass et, dëst Konzept och emol zu New York kënnen ze presentéieren.