Lescht Woch koume bei der ASBL eng 300 Demandë fir e Computer eran. De Gros vun hinne ware Refugiéen aus der Ukrain.

Digital Inclusioun / Rep. Danielle Filbig

Och d'ASBL Digital inclusion spiert den Impakt vum Krich an der Ukrain. Zanter 2015 stellt d'Associatioun Refugiéeën an anere vulnerabele Persounen zu Lëtzebuerg Computeren zur Verfügung. D'Demande ass an de leschte Wochen awer staark an d'Luucht gaangen.

Wéinst der aktueller Lag verdeelt d'Associatioun mëttlerweil bis zu honnert Computeren d'Woch. Gewéinlech sinn et der am Duerchschnëtt 20 d'Woch, esou de Patrick la Hamette, President a Grënner vun Digital Inclusion.

"Jo also d'lescht Woch hate mer eng ronn 300 Demanden an do war schonn de Gros vu Leit, déi aus der Ukrain lo rezent komm sinn, a mir gesi lo aktuell, wéi haut, dass quasi all Demande, déi mir den Ament kréien, vun enger Persoun aus der Ukrain ass."

D'ASBL ass 2016 gegrënnt gi mam Zil, Leit ze hëllefen, déi aus der digitaler Welt ausgeschloss sinn. Den Ament schaffen do 16 Employéen, vun deenen och een Deel selwer virdrun als Flüchtling op Lëtzebuerg komm ass.

"Vun de 16 Mataarbechter si praktesch d'Hallschent fréier Refugiéen. Vill vun hinne koume virun e puer Joer aus Syrien a si preparéieren da lo d'Computere fir d'Leit, déi aus der Ukrain kommen."

Ee vun den 20 Refugiéen, déi e Méindeg hire Computer kruten, ass d'Natalia Miroshnyehenko, déi mat hiren zwee Kanner geflücht ass: "Ech hoffen, dass meng Kanner lo geschwënn hei kënnen an d'Schoul goen, mäin eelst ass 13 an hat haut een éischt Gespréich um Ministère. Mat deem Klengen hu mer nach missen Impfungen an Dokteschvisitte maachen a lo hoffen ech, dass se hei an d'Schoul ginn."

D'Anna Rybalchenko kënnt vun Iripin, net wäit vu Kiew ewech, an ass mat hirer Mamm bei enger Gaaschtfamill ënnerkomm a kann do e Laptop gutt gebrauchen: "Ech hunn iwwer ee Facebook-Grupp vun dëser Initiativ héieren an dat ass wierklech super fir mech, well ech wëll mat menge Studie virufueren an duerfir brauch ech ee Laptop."

Bei "Digital inclusion" ass ee gewinnt, mat den Haapt-Refugié-Sproochen ëmzegoen. D'Tastature vun de Computer hunn, wann néideg, arabesch Iwwersetzung an et ginn der dann och lo mat kyrilleschem Alphabet.

"Jo natierlech hu mir hei och Leit, déi op net laténgesch Alphabet tippen. Dofir hu mir och passend Accessoiren, déi mir un d'Leit ginn, notamment Autocollanten, déi si op de Clavier derbäi maachen. Dat maache mir och scho säit Jore sou op arabescher a persescher Sprooch", erkläert de Patrick De la Hamette.

D'Saache ginn enger Waardelëscht no verdeelt. Et kënne sech Flüchtlinge mellen oder Leit, déi via d'Offices sociaux a Fro kommen. Fir autonom ze sinn an administrativ Saachen an d'Rei ze maachen, ass de Computer eng wäertvoll Hëllef.

"De Smartphone geet jo hautzedaags fir villes duer, mä mam Computer kann een awer méi professionell schaffen, besonnesch Leit, déi vill Zäit hunn . A vun deenen aus der Ukrain wëllen der jo och vill direkt schaffen an do ass de Computer scho wichteg", sou nach de Patrick De la Hamette.

De Projet gëtt zanter 2022 vum Familljeministère ënnerstëtzt.