Pätter oder Giedel vun engem Flüchtling aus der Ukrain ginn
Net jiddwereen huet d'Méiglechkeet fir Flüchtlinge bei sech doheem opzehuelen. An do kënnt "Godparents of Luxembourg" an d'Spill.
D'Solidaritéit zu Lëtzebuerg ass grouss. Iwwerall am Land goufen Hëllefsaktioune lancéiert fir déi ukrainesch Flüchtlingen z'ënnerstëtzen, dernieft lafe vill Spendenaktiounen. Eng nei Initiative mam Numm Godparents of Luxembourg ass elo d'lescht Woch bäikomm. Privat Leit kennen sech hei mëlle fir Pätter oder Giedel ginn.
Net jiddwereen huet d'Méiglechkeet fir Flüchtlinge bei sech doheem opzehuelen. An do kënnt Godparents of Luxembourg an d'Spill. Bei hinne kann een sech mëlle wann een hëllefe wëll.
D’Iddi ass einfach, seet d’Maria Dupin, Coordinatrice bei Godparents of Luxembourg, et geet drëms, d’Flüchtlingen an och hier Gaaschtfamillje lokal an hirer Gemeng ze ënnerstëtzen. Mir organiséieren an koordinéieren dat ganzt. Mir kréie vu Flüchtlingsorganisatioune gesot wéi eng Leit hëllef brauchen a mir kontaktéieren dann d’Parraien, déi a Fro kommen.
Iwwert en online Formulaire kann een sech bei hinnen aschreiwe fir Parrain ze ginn. All Parrain këmmert sech dann am Prinzip ëm eng ukrainesch Famill, an ënnerstëtzt si an hirem Alldag zu Lëtzebuerg.
Jiddwereen huet ënnerschiddlech vill Zäit oder bei ënnerschiddleche Saachen hëllefen. Et hänkt och ganz dovunner of wat den Parrain mat der ukrainescher Famill ausmécht. Et kann ee soen ech hëllefen eemol d’Woch oder zweemol de Mount, jiddwereen hëlleft wéi en kann, seet d’Maria Dupin.
An den nächsten Deeg soll d'Initiativ offiziell an 3 Gemengen am Zentrum vum Land lancéiert ginn, aner Gemenge kommen no. Bis elo hunn sech schonn eng 230 Parrainen ageschriwwen.