D'Gewerkschaft CGFP wäert net akzeptéieren, dass eng Indextranche komplett géif ewechfalen, andeems se ëmmer erëm géif no hanne geréckelt ginn.

Dat huet den Nationalcomité vun der Staatsbeamtegewerkschaft um Dënschdeg festgehalen. Ausserdeem bedauert d'CGFP, dass bei der Tripartite am Mäerz nëmmen iwwert den Index diskutéiert gouf. Dëst wier vill ze kuerzsiichteg, fir déi sozial Ongläichheeten a strukturell Problemer wéi am Logement decidéiert unzegoen.