D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.064 geklommen ass.

Aktuell sinn 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 3 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.279.195 Impfdosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,18. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.