D'Informatioune vun der Santé e Méindeg hunn erginn, datt an de leschten 72 Stonnen 1.061 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg si véier Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 1.068.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 1.061 positiv Fäll bei 3.435 Tester. E Sonndeg waren 25 positiv Fäll ze verzeechnen, e Samschdeg 465 an e Freideg 571. Mat den Zuele vum Weekend zielt de Grand-Duché elo 238.917 Corona-Infektiounen zanter dem Ufank vun der Pandemie.

Den Ament si 15 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.279.620 Impf-Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,82. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 5,42 Prozent.