D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.068 bliwwen ass.

Aktuell si 17 Persounen hospitaliséiert, dovunner ass ee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.279.821 Impfdosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.