Um Kierchbierg, nieft dem Héichhaus, réiert sech den Ament näischt.

Siège ArcelorMittal / Reportage Jean-Marc Sturm

De Site, wou spéider mol soll den neie Siège vun ArcelorMittal stoen, ass duerch Palissaden ofgeschiermt. Déck Kette mat Schlässer hänken un den Dieren. Rezent hätten et nach Gespréicher um héchsten Niveau ginn.

Op enger Surface vu ronn 7.200 Meter Carré gëtt den zukünftege Siège vum Stolproduzent gebaut. Wär alles no Plang verlaf, géifen zanter dem Summer 2021 schonn déi éischte Leit am Gebai schaffen.

De Siège vun ArcelorMittal besteet duerno komplett aus Glas. 54 Dausend Meter Carré grouss ass d'Gebai.

Op eis Nofro hin bei ArcelorMittal, wéi et mat den Aarbechte virugeet, hu mir dës schrëftlech Äntwert kritt. Virun der Kamera wollt keen eppes soen.

16 Stäck, integral aus Stol. Dat gëtt den neie Siège vun ArcelorMittal. D'Gebai wäert awer net nëmme vum Lëtzebuerger Stolproduzent genotzt ginn.