D'Personalvertrieder vun der APCCA aus de Kompetenzzentere vum Educatiounsministère an den SEW-OGBL schwätze vun engem Verstouss géint d'Streikrecht.

D'Gewerkschafte fuerderen hir Doleancen endlech eng éischte Kéier virum Mediateur virdroen ze kënnen.

Zanter dräi Méint géif een elo schonn drop waarden, fir en éischte Rendez-vous virun der Schlichtungskommissioun ze kréien. D'Presidentin hätt den Dossier vum Litige am Februar iwwerreecht kritt.

Hannergrond ass e Sträit tëscht de Personalvertrieder vum edukativen a psychosoziale Personal an dem SEW op der enger Säit, an dem Educatiounsministère op der anerer Säit iwwert déi nei Tâche. De Claude Meisch hat en Accord doriwwer mat den Educateursassociatioune vun der CGFP ënnerschriwwen.