Sou goufe bei der ITM am Joer 2021 bal 80.000 Dossieren traitéiert.

Hei geet et bei de Rapport vun der ITM

Dernieft goufen et net manner wéi ronn 8.500 Kontrollen op Schantercher an a Betriber uechter d'Land; dobäi koumen nach emol eng 2.900 Kontrollen, op d'Covid-Restriktiounen och agehale goufen.

Bilan ITM / Reportage Jean-Marc Sturm

Natierlech goufen och Verstéiss géint d'Aarbechtsrecht festgestallt: duerfir goufen eng 2.300 administrativ Amende geschriwwen, dat fir eng Zomm vun net manner wéi 9,2 Milliounen, déi d'Firme mussen un de Staat bezuelen.

Déi meescht Kontrollen an natierlech och Verstéiss goufen am Kader vum Detachementsgesetz festgestallt.

6 Mesurë goufen 2021 vun der ITM wéinst Mënschenhandel decidéiert, 135 wéinst Schwaarzaarbecht.

D'Aarbechtsinspektere waren och mat engen 150 Fäll vun zum Deel uergen Accidenter a Firme befaasst, wouropshi 740 Mesuren dekretéiert goufen, déi zum gréissten Deel dann och ëmgesat goufen.

Traitéiert goufen zejoert iwwerdeem eng 7.500 Demanden, fir e Betrib dierfen z'exploitéieren.

Aktuell schaffen 213 Leit fir d'ITM, dovunner sinn 69 Aarbechtsinspekteren um Terrain fir Kontrollen aktiv.