De Stater Biergerzenter huet eng Persoun gemellt, déi sech mat Fürerschäin a Pass ausgewisen huet, déi gefälscht ausgesinn hunn.

De Mann ass op de Policebüro bruecht ginn. Mat speziellen Apparater vun der Police vum Fluchhafen huet sech de Verdacht vu gefälschte Pabeiere verstäerkt. De Mann gouf verhaft. Et leeft eng Identitéits-Iwwerpréiwung.

Da mellt d'Police nach, datt zwou Persounen aus dem Drogemillieu verhaft ginn. Een, well hien géint 2 Auer an der Nuecht vu Beamte bei enger Vente am Garer Quartier gesi gouf. De Mann hat eng gréisser Zomm Boergeld bei sech an net wäit ewech waren 22 Drogebulle verstoppt. Den Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

E Méindeg den Owend gouf zu Déifferdeng an der Uewerkuererstrooss en Dealer in flagranti erwëscht. Den Dealer, dee mat sengem Auto do war, hatt 38 Heroin- a 5 Kokainkugele bei sech. Weider goufe Suen an Handye saiséiert. De Mann gouf op Uerder vum Parquet verhaft a koum virun den Untersuchungsriichter.