Am Lokale mellt de CGDIS en Auto, dee sech en Dënschdeg den Owend kuerz no 21.50 Auer zu Conter iwwerschloen huet.

Et gouf ee Blesséierten, ëm dee sech ënnert anerem den Noutdokter vum Samu gekëmmert huet.

Spéider huet d'Police an hirem Bulletin preziséiert, datt d'Automobilistin, déi eleng ënnerwee war, aus bis elo nach ongekläerte Grënn géint en "Hindernisblock" geprallt ass. Si gouf schwéier blesséiert. D'Police technique befaasst sech mat der Enquête.

Um CR345 tëscht Ettelbréck a Grenzen ass de Mëttwoch de Moie géint 6.45 Auer e Motocyclist gefall a gouf blesséiert. Ënnert anerem war de Samu am Asaz.

Géint 7.15 Auer gouf et en Accident mat 2 Gefierer tëscht Fluessweiler a Mënsbech. Och hei huet de Samu no engem Blesséierte misse kucken.

Tëscht Fëlschdref an Altwis gouf et géint 8.40 Auer e weideren Accident mat 2 Gefierer. Hei goufen zwou Persoune verwonnt.

D'Police mellt dann nach e weideren Accident an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch. Do koum et tëscht Beetebuerg a Léiweng zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Béid Chauffere koumen an d'Spidol. Bei den Autoe gouf en Totalschued constatéiert.

Um CR102 tëscht Keespelt a Schëndels huet eng Camionnette gebrannt.