Zu Gaasperech entsteet den neie Stater Park. Dësen huet spéider eng Surface vu bal 17 Hektar an ass domadder dee gréisste Park an der Stad Lëtzebuerg.

Spillplazen, e Weier an eng Buvette: Déi Elementer stiechen duerno sécherlech ervir. Den neie Park gëtt e Mix aus intensiv genotzten an ökologesche Flächen. Och eng Baach sicht sech hire Wee duerch de Park zu Gaasperech. D'"Drosbach", sou hire Numm, gëtt renaturéiert. D'Leit, déi heihinner kommen, kënne sech souwuel sportlech austoben oder awer d'Natur genéissen a relaxéieren. Och deen een oder anere Concert ka spéider hei organiséiert ginn.

Am Hierscht dëst Joer soll mam Bau vun enger Brasserie ugefaange ginn. Zwou Terrasse si geplangt a Plaz fir 96 Leit. Fir d'Fréijoer 2024 soll de Pavillon da fir de Public opgoen.

De Käschtepunkt vum Park läit bei ronn 16 Milliounen Euro. En ass all Dag zougänglech, 24 Stonnen op 24.