De Justizministère deelt mat, datt vill Persoune sech géinge mellen, well si eng Email vun der Ministesch Sam Tanson kruten.

Dobäi géing et sech allerdéngs ëm eng Arnaque handelen, heescht et vum Ministère.

Et soll een dës Mailen ignoréieren, läschen an net op de suggeréierte Link klicken.

Schreiwes vum Justizministère

Attention alerte e-mail phishing (19.05.2022)

Communiqué par : ministère de la Justice

De nombreuses personnes nous signalent des e-mails diffusés au nom de la ministre de la Justice, Sam Tanson. Il s’agit d’une arnaque. Ignorez et supprimez ces messages sans cliquer sur le lien suggéré.

Plus d'informations sur:
https://police.public.lu/fr/prevention/dangers-sur-internet/phishing.html