En Donneschdeg gouf de Mäerzeger Bësch "Säitert" mat senge Weieren, de Mardellen, an dat europäescht "Natura-2000" Netzwierk opgeholl.

De 45 Hektar grousse Bësch gehéiert domat lo zu engem Reseau vun EU-gefërderte Naturschutzgebitter an ass dat insgesamt 67. Gebitt aus dem Grand-Duché, dat Deel vum Natura-2000 Netzwierk ass.

Fir besser entdecken ze kënnen, wat de Säitert alles ze bidden huet, gëtt aktuell och nach een didakteschen an inklusiven Trëppelpad vun der ASBL "Op der Schock" elaboréiert.
D'Propose, fir de Bësch "Säitert" zu engem Natura-2000-Gebitt ze deklaréieren koum vun der Gemeng Mäerzeg selwer. Nieft enger ganzer Rei un ale Beem an de Mardellen-Weieren, ass de "Säitert" och d'Doheem vun seelenen oder menacéierten Déierenaarten, wéi der Bechstein Fliedermaus oder dem Kamm-Molch.

Lëtzebuerg huet an deene leschte Joren immens vill Wäert op d'Protektioun vun der Natur geluecht, notamment duerch d'Designatioun vun Natura-2000-Gebitter uechter d'Land. Dës Gebitter bedecken aktuell ongeféier 27% vun der gesamter Fläch vum Grand-Duché.