An enger weiderer Reunioun vun der Tripartite-Spezialkommissioun vun der Chamber gouf en Dënschdeg de Mëtten den Avis vum Staatsrot ënnert d'Lupp geholl.

D'Deputéiert diskutéieren iwwert de Gesetzesprojet, mat deem en Deel vun de Mesurë sollen ëmgesat ginn, iwwert déi d'Regierung sech mam Patronat an de Gewerkschaften LCGB a CGFP eens gi waren. Dorënner d'Verréckele vun der nächster Indextranche an den Energie-Steierkreditt, deen dat soll fir Stéit mat nidderegem Akommes kompenséieren, oder nach d'Afréiere vun de Loyeren an d'Upassung vun der Loyerssubventioun.

A sengem Avis vun e Freideg formuléiert de Staatsrot eng Rei Oppositions formelles an déi betreffen all den Deel iwwert d'Subvention de loyer. Déi héich Kierperschaft stéiert sech un der Definitioun vun der "Communauté domestique". Déi wier net koherent an et géing een an anere Gesetzestexter aner Definitioune fir dëse Begrëff erëmfannen. Iwwerdeems wier hei virgesinn, datt wann eng Persoun net beim Demandeur vun enger Loyerssubventioun wunnt, et un där Persoun ass, dat ze beweisen. Dat wier awer net konform mat der Verfassung.

De Staatsrot versteet net, firwat ee muss e schrëftleche Kontrakt hunn, fir d'Loyerssubventioun unzefroen - mëndlech Kontrakter missten d'selwecht behandelt ginn.

Da géing am Text rieds goe vu "Personnes concernées", woubäi awer onkloer wier, wien domat gemengt ass... deen, deen d'Loyerssubventioun ufreet oder déi, déi a sengem Stot liewen - och hei fuerdert de Staatsrot eng Prezisioun.

An am Gesetz wieren op zwou Plazen zwou ënnerschiddlech Suitte virgesinn am Fall vun engem Refus fir den Accès zu engem Logement, och hei opposéiert sech de Staatsrot formell.

Decisioun vun Tripartite-Spezialkommissioun um Dënschdeg

Fir de formellen Oppositioune vum Staatsrot Rechnung ze droen, huet d'Tripartite-Spezialkommissioun festgehalen, d'Bestëmmungen, déi de Volet Logement betreffen an e separat Gesetz anzeschreiwen.

D'Spezialkommissioun war en Dënschdeg de Mëtteg an enger Visiokonferenz zesummen, fir den Avis vun der héijer Kierperschaft z'analyséieren. Mat engem separate Gesetzprojet iwwert d'Artikelen, déi de Logement betreffen, huet d'CSV kee Problem, seet hire Co-Fraktiounspresident Gilles Roth. Dee Projet gëtt dann an der Logementskommissioun an net méi an der Tripartite-Spezialkommissioun diskutéiert, wann d'Conférence des Présidents hiren Accord gëtt.

D'CSV fuerdert awer Kloerheet, wat den eventuelle Cumul vun Indextranchen am Abrëll 2024 betrëfft.

"Stand haut gëtt eng Indextranche den 1. Abrëll 2023 ausbezuelt. Dat ass déi, déi vun dësem Joer verréckelt gëtt an all aner zousätzlech Indextranchen, sinn dem Gesetzprojet no, esou wéi en haut formuléiert ass, op den 1. Abrëll 2024 auszebezuelen. Also gëtt déi waarm Gromper bis no de Walen 2023 verréckelt. Dat ass fir eis keng kloer Previsibilitéit, mä éischter politeschen Opportunismus", sou de Gilles Roth.

Wat den eventuelle Cumul vun Indextranchen am Abrëll 2024 betrëfft, gi méi Explikatioune vun der Regierung gefuerdert. Déi dierften et den 3. Juni ginn, wann d'Finanzministesch Yuriko Backes an der Kommissioun ass. Déi aner Woch sinn dann och Vertrieder vun der Chambre des Fonctionnaires, der Chambres des Métiers, der Salariatskammer an der Chambre de Commerce an der Spezialkommissioun fir hiren Avis ze presentéieren.