An der Gemeng Bech steet en ale Wäschbuer. Freier koumen d'Awunner hei hier Kleeder wäschen an hunn tëschenduerch "Beschass gedriwwen".
D'Ost-Gemeng huet och um Interreg-Projet deelgeholl, wou et em Dréchentechnike geet. Si huet profitéiert, fir dës Mauer ze restauréieren. Déi war mat de Joren agefall. Eng Dréchemauer gouf gebaut . Zil vun dësem Projet war et, den Hang - deen zimmlech géi ass - mat dëser Dréchemauer statesch unzehalen. Benotzt goufen natierlech och Steng aus der Regioun.
Zum Natur- a Geopark Mëllerdall gehéiert och d'Rippeger Kopp. Si läit op der Iechternacher Streck. D'Vue iwwer d'Landschaft ass net schlecht. Fir d'Wuert "enorm" net ze gebrauchen. Vun de Radiomaste bis hin zu de landschaftleche Felder. Hei entdeckt ee sou munches.
Wann een op der Iechternacher Streck ënnerwee ass, kann ee gären hei op der Rippeger Kopp stoebleiwen a sech d'Landschaft a Rou ukucken.