Op der A7 a Richtung Fridhaff an op der Gare krute sech e Mëttwoch den Owend jeeweils zwee Gefierer ze paken.

Kuerz no 18.30 Auer sinn zwee Autoen op der A7 a Richtung Fridhaff net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt.

Zu Suessem ass e Motocyclist gefall an huet sech dobäi blesséiert. De Samu war op der Plaz, wéi och d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an Esch.

Op der Gare gouf et e Mëttwoch géint 23.42 Auer en Accident mat zwee Autoen op der Place de Metz. De Bilan ass hei 1 Blesséierten.

Tëscht dem Blummendall an dem Mëllerdall mellt de CGDIS en Donneschdeg de Moie eng weider Chute vun engem Motocyclist. Eng Persoun gouf verwonnt.

E weidere Motocyclist war um CR327 bei Wäicherdang gefall a blesséiert ginn. Op der Plaz am Asaz waren d'Pompjeeë vu Klierf an aus dem Kiischpelt, grad ewéi d'Ambulanz vu Klierf an de Samu.