Am Rollstull anere Mënsche Courage maachen
No engem Accident 2012, un deem d'Carine Nickels net schold war, ass si vun der Broscht ofwäerts queeschschnëttsgeläämt.
Bannent e puer Sekonnen huet d'Liewe vun der Carine Nickels komplett changéiert. Zanterhier wunnt si an engem Foyer a brauch all Dag Hëllef vu frieme Leit. De Rollstull wier net dat schlëmmst fir d'Carine Nickels, mä de Verloscht vun der Autonomie a vun der Intimitéit. Bei villem, wat fir déi meescht Leit natierlech ass, wéi d'Zännbotzen oder eleng op d'Toilette ze goen, muss hir gehollef ginn. Ze léieren, dat z'acceptéieren, wier immens schwéier. Et misst ee sech Zäit loossen, fir datt de Kierper an d'Séil heele kënnen. Dofir soll een un deene positive Saachen, déi engem eng Freed maachen, festhalen.
Am Oktober feiert d'Association nationale des Victimes de la Route (AVR) 30 Joer. D'lescht Joer koumen 119 nei Demanden bei der Associatioun un, fir psychologesche Support oder Hëllef vun enger Assistante sociale unzefroen. Och d'Carine Nickels engagéiert sech bei der AVR a versicht anere Mënsche Courage ze maachen.