Zanter 1815, wéi de Grand-Duché en eegestännegen a souveräne Staat ginn ass, feiert Lëtzebuerg och de Gebuertsdag vu sengem Herrscher.

Dësen Datum huet an den Ufankszäite vu Lëtzebuerg awer ëmmer nees variéiert, mat engem neie Groussherzog koum och en neie Gebuertsdag an domadder en neien Datum fir Nationalfeierdag.

Ënnert dem Guillaume I. gouf Groussherzogsgebuertsdag de 24. Abrëll gefeiert, ënnert dem Guillaume II dunn de 6. Dezember an dem Guillaume III de 17. Juni. Vun 1860 bis 1890 war et den 19. Februar, dono, ënnert dem Grand-Duc Adolphe, dunn de 24. Juli. An der Suitte war et den 22. Abrëll ënnert dem Guillaume IV. an ënnert der Marie-Adélaïde vun 1913 bis 1919 de 14. Juni.

Wéi d'Groussherzogin Charlotte 1919 op den Troun koum, gouf Nationalfeierdag den 23. Januar gefeiert. 1947 eréischt gouf de Gebuertsdag vum Grand-Duc oder der Grande-Duchesse zum offizielle Feierdag zu Lëtzebuerg erkläert. Den 23. Dezember 1961, 3 Joer, éier d'Grand-Duchesse Charlotte den Troun ofginn huet, gouf via e Réglement grand-ducal festgehalen, datt d'Gebuertsdagsfeier vum Lëtzebuerger Herrscher op den 23. Juni festgeluecht gëtt.

1962 ass den Datum vum 23. Januar op den 23. Juni verluecht ginn. Heivir goufen et initial 2 Grënn...

Zanter genau 60 Joer feiere mer also elo den 23. Juni eisen Nationalfeierdag. Fir déi meescht vun eis war dat nach ëmmer sou. Ma den Datum huet awer soss ëmmer am Laf vun der Geschicht geännert. Viru genee 60 Joer sollt dat awer du fir ëmmer geännert ginn.

War den Nationalfeierdag  1961 nach um Dag vum Gebuertsdag vun der Groussherzogin, gouf dësen elo wéinst zwee Grënn verréckelt. Engersäits hat dat meteorologesch Grënn, well et den 23. Januar dacks einfach immens kal war an zweetens well den 23. Juni den Namensdag war vum spéidere Grand-Duc Jean. An ab do huet den Datum net méi geréckelt, och net nodeems den haitege Groussherzog Henri op den Troun koum. Ganz einfach, well et praktesch war.

No an no huet sech dann och en weideren Numm fir dëse speziellen Dag agebiergert. A sou ass nieft dem Groussherzogsgebuertsdag, den Nationalfeierdag dobäi komm an dat wier et och haut, seet de Lëtzebuerger Historiker Michel Pauly.

Fir hie wier den Ëmschwong 1995 gewiergt, wéi Lëtzebuerg fir déi éischte Kéier europäesch Kulturhaaptstad war. Do ass den 23. Juni e richtegt Volleksfest ginn, wou en zwar nach ëmmer déi groussherzoglech Famill gefeiert huet mat der traditioneller Militärparad an dem Te Deum, mä vun do u gouf um Virowend vu Nationalfeierdag sou richteg gefeiert. An dat bis haut, mat Ausnam vun de leschten zwee Joer, opgrond vun der Pandemie.