De Krich an der Ukrain ass ee vun den zentrale Sujeten an der Ried vum Staatsminister um Virowend vun Nationalfeierdag.

Usprooch vum Premier Xavier Bettel fir Nationalfeierdag

Vill ënnert eis, seet de Xavier Bettel,  fille sech an deene leschte Wochen, ëm e puer Joerzéngten, an déi däischter Zäit vun eiser Geschicht zeréckversat. De Krich matzen an Europa géif eis Lëtzebuerger all ze bekannt virkommen an e géif eis alleguer eppes ugoen.

Net just wéinst eiser Vergaangenheet, mä och well d'ukrainescht Vollek Dag fir Dag fir eis Wäerter géif  kämpfen, déi mir Joer fir Joer op Nationalfeierdag héichhalen. De Fridden, d'Fräiheet an d'Onofhängegkeet.

Et wier eis Flicht de Mënschen an der Ukrain ze hëllefen a mir géifen dat ukrainescht Vollek esou laang weider ënnerstëtzen, bis datt d'Ongerechtegkeeten an dat mënschlecht Leed en Ënn géife fannen. An deem Kontext huet de Xavier Bettel och déi grouss Solidaritéit zu Lëtzebuerg ugeschwat.

"Ech sinn houfreg Premier vun engem Land ze sinn an deem d'Bierger net nëmme solidaresch ënnertenee sinn, mä och mat Mënschen aus frieme Länner, déi op eis Hëllef ugewise sinn. Mënschen, déi hier Heemecht hu misse verloossen, well si ëm hiert Liewe fäerten. Well hier ganz Existenz vun engem Ament op deen aneren wuertwiertlech an Äsche leit. Déi Solidaritéitswell mam ukrainesche Vollek, mat de Flüchtlingen, huet mech iwwerwältegt. Déi vill Fräiwëlleg, déi ganz Familljen an hirem Doheem einfach opgeholl hunn, Veräiner, Schoulen an  Eenzelinitiativen déi Spendenaktiounen organiséieren."

De Xavier Bettel seet e wier sech bewosst, datt de Krich an der Ukrain och Konsequenzen fir d'Leit hei am Land huet. D'Präisdeirecht wier eng Realitéit, déi ville Mënschen am Alldag géif ze schafe maachen.

De Fridden an Europa an d'Verdeedegen vun eise Wäerter hätten e Präis, deen awer net  déijéineg solle musse bezuelen, déi och scho virum Krich  Schwieregkeeten haten iwwert d'Ronnen ze kommen.

Grad an dëse schwéieren Zäiten géif een op en Neits gesinn, datt de Sozialdialog funktionéiert an e Garant ass fir eise Wuelstand an eise Sozialstaat ofzesécheren.

De Staatsminister ass sech bewosst, datt déi lescht Joren net déi einfachst waren an datt mer an Zäiten vu grousser Onsécherheet a  groussen Erausfuerderungen géife liewen. De Kampf géint de Klimawandel wier just eng dovunner an dierft op kee Fall a Vergiessenheet geroden. Onofhängeg vun deem wat soss nach op dëser Welt geschitt.

"Eisen Nationalfeierdag ass eng gutt Geleeënheet, fir sech drun z’erënneren, datt mir Lëtzebuerger scho vill schwiereg Zäiten zesummen iwwerstanen hunn. Ëmmer dann, wa mir als Vollek zesumme gehalen hunn, si mir als Land gestäerkt aus Krisen ervirgaangen. Loosst eis zesummen eis Zukunft ugoen, mat Determinatioun, Solidaritéit an Optimismus."

De Xavier Bettel huet a senger Ried och de Coronavirus ugeschwat. Duerch d'Solidaritéit an de kollektiven Effort vum Vollek wier et gelongen, d'Pandemie ënner Kontroll ze kréien, ouni datt de Gesondheetssystem géif riskéieren iwwerlaascht ze ginn. Fir den Hierscht an de Wanter wiere mer gutt opgestallt.

De Premier huet och un all déi Mënschen erënnert, déi et hiert Liewe gelooss hunn. Dacks am Asaz fir eist Land, eis Wäerter an eis Fräiheet. Nationalfeierdag wier och eng Geleeënheet fir u si ze denken.

Ried vum Premier Xavier Bettel - mat Gebäerdesprooch
"Loosst eis zesummen eis Zukunft ugoen, mat Determinatioun, Solidaritéit an Optimismus."

De Message vum Premier Xavier Bettel am Kader vum Nationalfeierdag 2022 (22.06.22)

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Muer feiere mir den éischten Nationalfeierdag zanter dräi Joer, deen erëm sou stattfanne kann, wéi mir et gewinnt sinn. Et ass eng Lëtzebuerger Traditioun, schonn um Virowend vun Nationalfeierdag zesummenzekommen a mat senge Léifsten, Frënn, Noperen a Matmënschen ze feieren.

Wa mir dëst Joer dëser Traditioun erëm nokomme kënnen, dann ass dat virun allem Iech ze verdanken, léif Matbiergerinnen a Matbierger.

Dir hutt déi lescht zwee Joer mat Ärer Solidaritéit vis-a-vis vun Äre Matmënschen dofir gesuergt, datt mir dem Corona-Virus Meeschter gi sinn. Nee, de Virus ass nach net ganz verschwonnen. Mee duerch e kollektiven Effort hu mir et als Gesellschaft fäerdeg bruecht, dës Pandemie esou ze kontrolléieren, datt mir haut mam Virus kënne liewen, ouni eng Iwwerlaaschtung vun eisem Gesondheetssystem ze riskéieren. An och fir den nächsten Hierscht a Wanter si mir gutt opgestallt.

Nationalfeierdag ass net nëmmen eng Geleeënheet fir ze feieren, mee och fir ze gedenken. Mir gedenken all deene Mënschen, déi hiert Liewe gelooss hunn, oft am Asaz fir eist Land, fir eis Wäerter a fir eis Fräiheet.

Och an deene leschten zwee Joer hu mir ville léiwe Mënsche fir ëmmer „Äddi“ musse soen. All Doudesaffer ass eent ze vill. Haut a muer denke mir dofir och u si an hir Familljen. A mir soen deene Leit Merci, déi all dës Zäit onermiddlech fir eis Gesondheet am Asaz waren an nach ëmmer sinn.

Léif Matbiergerinnen a Matbierger, vill ënnert eis fille sech an deene leschte Wochen ëm e puer Joerzéngten an däischter Zäite vun eiser Geschicht zréckversat. Matten an Europa ass am Moment e Krich, deen eis Lëtzebuerger leider allze bekannt virkënnt.

De Krich an der Ukrain geet eis alleguer eppes un. Net nëmme wéinst eiser Vergaangenheet. Mee och well d’ukrainescht Vollek all Dag fir eis Wäerter kämpft, déi mir Joer fir Joer op Nationalfeierdag héich halen. Et sinn dëst d’Wäerter vum Fridden, der Fräiheet an der Onofhängegkeet.

Et ass eis Flicht, de Mënschen an der Ukrain ze hëllefen. Lëtzebuerg huet sech zanter dem éischten Dag un den Hëllefsinitative fir d’Ukrain bedeelegt an d‘Sanktioune géint Russland ënnerstëtzt. Europa ass zesummegeréckelt an ass haut méi gëeent, wéi virdrun. Lëtzebuerg huet eng staark Positioun an engem staarken Europa. Mir wäerten dat ukrainescht Vollek soulaang weider ënnerstëtzen, bis datt d’Ongerechtegkeeten an dat mënschlecht Leed an der Ukrain en Enn fannen.

Léif Matbiergerinnen a Matbierger, ech sinn houfreg Premier vun engem Land ze sinn, an deem d‘Bierger net nëmme solidaresch ënnertenee sinn, mee och mat Mënschen aus frieme Länner, déi op eis Hëllef ugewise sinn. Mënschen, déi hier Heemecht hu misse verloossen, well si ëm hiert Liewe fäerten. Well hier gesamt Existenz vun deem enge Moment op den anere wuertwiertlech an Äsche läit.

D’Solidaritéitswell mat ukrainesche Flüchtlingen huet mech iwwerwältegt. Déi vill Fräiwëlleg, déi ganz Familljen an hirem Doheem ophuelen. Veräiner, Schoulen an Eenzelinitiativen déi Spendenaktiounen organiséieren.

Et ass mir e grousst Bedierfnes, fir all deene Leit - fir Iech, léif Matbiergerinnen a Matbierger - Merci ze soen an Iech mäin déifste Respekt auszedrécken. Dëst ëmsou méi, well ech mir bewosst sinn, datt de Krich an der Ukrain och fir Iech Konsequenze mat sech bréngt.

D’Präisdeierecht, besonnesch bei der Energie, ass eng Realitéit, déi ville Mënschen am Alldag ze schafen deet. De Fridden an Europa an d’Verdeedege vun eise Wäerter hunn ee Präis. Mee dëse Präis sollen net déijéineg bezuelen, déi och virum Krich scho Schwieregkeeten haten, iwwert d’Ronnen ze kommen.

An och hei liewe mir Solidaritéit. De sougenannte „Solidaritéitspak“ ass d’Resultat vun enger Tripartite an engem Sozialdialog, deen op en Neits ënner Beweis gestallt huet, datt e funktionéiert. De Sozialdialog ass och an dëse schwéieren Zäiten de Garant fir d’Ofséchere vun eisem Wuelstand an eisem Sozialstaat.

Léif Matbiergerinnen a Matbierger, ech si mir bewosst, datt déi lescht Joren net déi einfachst waren. Mir liewen an Zäite vu groussen Onsécherheeten an Erausfuerderungen. De Kampf géint de Klimawandel ass just eng vun deenen Erausfuerderungen, déi op kee Fall an d’Vergiessenheet geroden däerf, onofhängeg vun deem, wat soss nach op der Welt geschitt.

Eisen Nationalfeierdag ass eng gutt Geleeënheet, fir sech drun z’erënneren, datt mir Lëtzebuerger scho vill schwiereg Zäiten zesummen iwwerstanen hunn. Ëmmer dann, wa mir als Vollek zesumme gehalen hunn, si mir als Land gestäerkt aus Krisen ervirgaangen. Loosst eis zesummen eis Zukunft ugoen, mat Determinatioun, Solidaritéit an Optimismus.

Chers concitoyens,

Le Luxembourg est un pays qui accueille des ressortissants de toutes les nations, qui y cohabitent et y travaillent pacifiquement. Notre ouverture sur le monde reste notre meilleur atout et constitue l’une des bases indispensables à la pérennité de notre pays. La pandémie nous en a apporté une nouvelle preuve évidente. Sans les milliers de personnes, qui traversent la frontière chaque jour pour venir travailler chez nous, notre système de santé se serait littéralement effondré pendant la pandémie. Chaque habitant du Luxembourg, comme tous nos frontaliers, contribuent au modèle de réussite luxembourgeois. Je vous en remercie de tout cœur !

Ech wënschen Iech a mengem perséinlechen Numm an am Numm vun der Regierung e schéinen Nationalfeierdag a vill schéi Momenter mat deene Mënschen, déi Iech um Häerz leien.

Vive eise Grand-Duc

Vive eis groussherzoglech Famill

Vive och eise klenge Prënz Charel

A vive eist Land