
D'Aschätze vun enger Donkelziffer ass ëmmer schwiereg, dat äntwert de Policeminister Henri Kox dem Piraten-Deputéierte Sven Clement.
PDF: Äntwert vum Henri Kox op eng parlamentaresch Fro vum Sven Clement
De Sven Clement wollt no enger éischter parlamentarescher Fro iwwert de Respekt vum Mindestofstand beim Iwwerhuele vu Cyclisten nach emol nohaken.
Den Henri Kox hat a senger éischte Äntwert festgestallt, datt an de leschte 6 Méint keen Automobilist protokolléiert ginn ass, well en e Cyclist ze no iwwerholl hätt. D'Associatioun ProVelo hat sech duerno zu Wuert gemellt a kritiséiert, d'Police géif déi virgeschriwwen 1,5 Meter Distanz guer net anstänneg kontrolléieren. Zanter datt d'Gesetz am Abrëll virun dräi Joer a Kraaft getrueden ass, si grad emol 33 Verstéiss an de Police-Statistiken notéiert ginn.
Dem Policeminister no géif et kee Sënn maachen, spezifesch Kontrolle vun dëser Infraktioun ze maachen a gëtt zou, datt d'Policebeamte Verstéiss géint de virgeschriwwenen Ofstand just mam bloussen A feststellen. Technesch Apparater heifir hätt een net. D'Aféiere vun der 1,5-Meter-Ofstandsreegel wier éischter präventiv geduecht gewiescht, fir d'Acteure vum motoriséierte Verkéier ze responsabiliséieren.