D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.088 geklommen ass.

Aktuell sinn 18 Persounen hospitaliséiert, dovunner ee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.284.737 Impfdosisse genotzt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,12. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.