Accident géint 14.50 Auer tëscht engem Minibus an engem Motorrad op der Kräizung vun der N4/Route D'Esch an dem CR179A/Rue Roudebesch zu Leideleng.

De Motocyclist war a Richtung Leideleng ënnerwee an hat ze spéit gesinn, dass e Minibus, deen him entgéint koum, an d'Rue Roudebësch ofgebéit ass. Doduerch ass en säitlech hannen an de Bus gerannt. Wéi d'Police bestätegt, gouf de Motocyclist schwéier blesséiert an d'Spidol bruecht. De Stater Samu war op der Plaz, grad ewéi d'Stater Pompjeeën an eng Ambulanz vu Mamer.

D'Rue Roudebesch war a Richtung Leideleng Zentrum fir länger Zäit gespaart. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf beoptraagt, déi genee Ëmstänn vum Accident z'ënnersichen.

Weider Accidenter vun e Freideg op e Samschdeg

Géint 13.30 Auer hat et tëscht Beetebuerg an Diddeleng op der N31 gerabbelt. Hei waren 2 Autoen net laanschtenee komm. Wéi de CGDIS mellt, gouf och hei eng Persoun verwonnt. D'Ambulanz vun Diddeleng war am Asaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Beetebuerg.

E Samschdeg kuerz no Hallefnuecht sinn zu Nidderkäerjeng a Richtung Péiteng e puer Autoe wéinst enger Zort Uelegspuer un d'Schleidere komm. Blesséiert gouf awer keen.

Um CR159 tëscht dem Scheedhaff a Sandweiler krute sech géint 6.45 Auer zwee Ween ze paken. De Bilan sinn zwee Blesséierter.

Eng Persoun gouf kuerz viru 7 Auer bei engem Accident um CR106 tëscht Schweech a Kräizerbuch blesséiert.