De Lëtzebuerger Premier huet op Twitter op d'Decisioun vum Ieweschte Geriichtshaff an den USA reagéiert an dëst ferm kritiséiert.

"Ofdreiwungen illegal ze maachen, ass net Pro-Liewen. Et ass Anti-Choix. Et ass Anti-Fraen. Et wäert keng Liewe retten. Et wäert Fraen ëmbréngen. Et ass sozial an ekonomesch net gerecht. An dofir esou falsch. D'Rechter, sech fortzeplanzen, si net just Frae-Rechter. Et si Mënscherechter. Also loosst eis fir déi (Rechter) opstoen."

Esou reagéiert de Lëtzebuerger Premier doropper, datt an den USA dat nationaalt Ofdreiwungsgesetz vum Ieweschte Geriichtshaff ausser Kraaft gesat gouf. Verschidde Bundesstaaten haten doropshin direkt annoncéiert, datt Ofdreiwungen elo illegal wieren, anerer hu wësse gedoen, datt si eege Gesetzer, déi Ofdreiwungen erméiglechen, wäerten ausschaffen.

Dës Decisioun vum Geriicht huet dozou gefouert, datt dausende vu Leit a ville Groussstied op d'Strooss gaange sinn.

Nieft dem Xavier Bettel hat ënner anerem och de fréieren US-President Barack Obama op dëst Urteel reagéiert an d'Leit opgeruff, géint dës Decisioun op d'Strooss ze goen.