Wéi d'Police matdeelt, sinn an der Nuecht op e Méindeg 6 Autoen op engem Parking zu Bäerdref an der Iechternacher Strooss muttwëlleg beschiedegt ginn.

Déi verdächteg Persoun war net méi op der Plaz wéi d'Beamten um Parking ukomm sinn, konnt awer kuerz Zäit méi spéit ausgemaach a gestallt ginn. D'Proprietäre vun e beschiedegte Ween konnten eng Plainte maachen a géint déi verdächteg Persoun gouf protokolléiert.