D'Inflatioun an déi héich Energiepräisser dreiwen ëmmer méi Leit an eng finanziell ugespaante Situatioun.

Eng Adress kann dann ee vun den 30 Office-sociallen uechter d'Land sinn. Op d'Invitatioun vum Syvicol hate sech d'Vertrieder e Méindeg zu Miersch Rendez-vous ginn, fir iwwert déi nei Erausfuerderungen ze schwätzen.

Office-sociallen Lëtzebuerg / Reportage Anne Wolff

D'Journée sollt en Austausch fir déi 30 Office-sociallen an déi respektiv Gemenge sinn, awer och en Echange mat der nationaler Politik erméiglechen. De Constat vum Terrain: Mat de méi héije Liewenskäschte missten ëmmer méi Leit op d'Office-sociallen zeréckgräifen.

Een Thema, dat dobäi ëmmer nees op den Dësch koum, war den Dauerbrenner Logement. Eng Assistante social erzielt vun hirer Erfarung: "D'Leit sti jorelaang ob verschiddene Lëschten. Mir probéieren, esou gutt wéi méiglech ze hëllefen, mee mir kënnen dee Problem och net léisen."

Déi héich Locatiounspräisser, d'Energiepräisser an d'Inflatioun vergréisseren d'Demande. De Fränk Dimmer, Vize-President vun der Entente des Offices sociaux, erzielt, eleng bei Resonord géifen am Moment 170 Wunneenheete gebraucht ginn.

Zwar wier d'Gestion locative sociale eng Méiglechkeet, Wunnraum ze mobiliséieren, ma dat eleng géing net duer goen.

Och d'Ombudsfra Claudia Monti ass dacks mam Thema Logement befaasst, e Phenomeen, dat sech duerch d’ganz Gesellschaft zitt. Besonnesch betraff wiere Leit ouni Qualifikatioun, awer och Leit, déi sech zum Beispill grad scheede gelooss hätten. An déi Situatioun kéint ee ganz séier kommen.

Bei der Table ronde waren e Méindeg dann d'Familljeministesch Corinne Cahen an d'Inneministesch Taina Bofferding. De Pacte logement 2.0 geséich d'Baue vu weidere Sozialwunnenge fir. De Logementsminister selwer war iwwerdeems net invitéiert.

Intern hunn d'Office-sociallen dann e Méindeg och fir méi Personal, méi einfach administrativ Demarchen an eng besser Kommunikatioun tëscht deene verschiddenen Acteure plädéiert