Den Immobilie-Grupp Adler, dee säi Siège um Sennengerbierg huet, kënnt net aus de negativen Nouvellen eraus.

De Chaînen NDR an RBB läit eng Lëscht aus dem Fréijoer zejoert vir, där no e puer dausend Facturen opgelëscht sinn, déi net vun der Duechtergesellschaft Consus konnte bezuelt ginn.

Domat géif sech d'Kris ëm Adler Group S.A. weider zouspëtzen, heescht et - schonn an de leschte Méint war an däitsche Medie vun Reprochë vu gefälschte Bilanen a Bedruch Rieds gaangen.

Um Mëttwoch ass iwwerdeem d'Generalversammlung vun Adler Group, wou d'Konte musse vun den Aktionäre guttgeheescht ginn.

Adler Group ass op der Bourse kotéiert an huet eegenen Donnéeën no e Portfolio vun Terrainen a Wunnengen an der Valeur vun iwwer 11 Milliarden Euro.

D'Gesellschaft, déi zanter 2006 hei am Land hire Sëtz huet, beschäftegt eng 1.600 Leit.