Géint 3 Auer e Mëttwoch war de Mann zu Fouss vun der Gare op Gaasperech ënnerwee, wéi hie vun zwee Männer iwwerfall gouf a säin Handy geklaut krut.

De Mann konnt déi zwee Täter no hirer Flucht zwar nach anhuelen, dës goufen doropshin awer handgräiflech géint hien an hunn hie mat engem klenge Messer menacéiert.

Wéi en Auto ugefuer koum, sinn d'Ugräifer a Richtung Gare geflücht, wou se vun de Beamten net méi fonnt konnte ginn. Eng Plainte gouf gemaach an eng Enquête lancéiert.