Engersäits geet et dorëm, datt d'Chamber Enquêtëkommissioune kënne vu just 20 Deputéierten op d'Bee gesat ginn. Bis ewell war eng Majoritéit néideg.

Donieft solle Bierger per "Initiative populaire" Gesetz-Propositioune kënnen deposéieren. Wa gewëss Konditiounen erfëllt sinn, muss d'Chamber déi Propositiounen dann och diskutéieren a wie weess... unhuelen. Dës Nouveautéite gëlle soubal d'Verfassung a Kraaft getrueden.

D'Deputéiert Mars Di Bartolomeo (LSAP), Simone Beissel (DP), Charles Margue (déi Gréng), Léon Gloden (CSV) a Roy Reding (ADR) hunn d’Projeten ausgeschafft.