En Donneschdeg huet d'Police op 2 Autobunne virun allem Camionschauffer kontrolléiert, déi sech net un d'Iwwerhuelverbuet an den Ofstand net gehalen hunn.

Ganzer 62 Protokoller goufen erstallt Dorënner 16 Chauffer, déi sech net un d'Iwwerhuelverbuet vu Camione gehalen hunn, 8 déi den Ofstand net gehalen hunn an a 17 Fäll war d'législation sociale net respektéiert ginn. Weider goufe Protokoller wéinst ze héijer Vitess, dem Iwwerschreide vum maximal Gewiicht an net gesécherter Luedung ausgestallt.