D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.093 bliwwen ass.

Aktuell sinn 17 Persounen hospitaliséiert, dovunner 1 Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.285.903 Impfdosisse genotzt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,17. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.