Bei dem gudde Wieder dëse Weekend maache sech nees vill Leit op de Wee bei de Stauséi.

Iwwerdeem erënnert d'Police drun, datt Lëlz e Sonndeg wéinst engem Evenement fir den Trafic komplett gespaart wäert sinn.

Scho virun zwou Woche waren d'Plagë ronderëm de Stauséi wéinst der héijer Zuel u Visiteuren iwwerfëllt. Mat Bléck op e summerleche Weekend huet d'Police e Freideg iwwert d'Verkéiers- a Behuel-Richtlinne beim Stauséi informéiert.