Et goufen an deene leschte Stonnen eng ganz Rei Accidenter, bei deene Leit blesséiert goufen.

Zu Beispill op der A6 a Richtung Stad. Do hate sech 2 Autoen ze pake kritt mat 3 Blesséierter.

Zu Klierf an der Groussgaass ass e Samschdeg iwwer Mëtteg e Kand ugestouss ginn.

Zu Esch hate sech zwee Ween an der Rue Léon Kinsch ze pake kritt.

An tëschent Branebuerg a Grooljen ass e Motocyclist gefall.

Bei all dësen Tëschefäll gouf wéi gesot eng Persoun verwonnt.