Zanter Mäerz gëtt et op der Uni Lëtzebuerg en neie Posten, dee sech op Waasserstofftechnologie konzentréiert a mat der Firma Paul Wurth zesumme schafft.

Zanter Mäerz gëtt et op der Uni Lëtzebuerg en neie Posten, dee sech op Waasserstofftechnologie konzentréiert a mat der Firma Paul Wurth zesumme schafft.

Am Virdergrond soll dee grénge Waasserstoff stoen, also Hydrogene, deen aus erneierbaren Energien wéi Photovoltaik oder Wandenergie gewonne gëtt. D’Zil: D’Zesummenaarbecht tëscht Fuerschung an Industrie soll sech fir béid Säite lounen.

Zum Beispill kéint duerch Waasserstoff Energie stockéiert ginn, erkläert de Professer an der Elektrotechnik Jean-Régis Hadji-Minaglou. Aktuell erfuerschen hien an seng Ekipp am Unis-Labo d'Kopplung tëscht der elektrescher an der thermescher Energie.

Wat gréng Energien ugeet, wéi d’Wand- oder d’Solarenergie, esou hätt ee scho vill Progrèsen gemaach, esou den Prof. Dr. Stefan Maas vum Fachberäich fir Ingenieurswëssenschaften. Beim Stockage géing et awer nach happeren. Dowéinst misst elo méi séier u Waasserstofftechniken geschafft ginn.

Ouni d'Industrie an de néidege Finanzement géing een awer net weiderkommen. Dowéinst huet d'Uni Lëtzebuerg op der Konferenz "Energy Innovations and Issues on Ramping-Up European H2-Economy" déi ënnerschiddlech Acteuren, dorënner och Banken a grouss Entreprisen, agelueden.

Den neie Léierstull schafft mat der Firma Paul Wurth zesummen. D'Zil ass et, explizitt Waasserstofftechnologien ze erfuerschen. Ernannt gouf dowéinst am Mäerz den Professer Bradley Ladewig. An engem éischte Schrëtt soll de Waasserstoffverbrauch an der Industrie zu 100 Prozent mat gréngem Waasserstoff ersat ginn. Dat wier an de nächste Jore machbar, esou den Professer Bradley Ladewig.

Aktuell kënnt de Waasserstoff nämlech haaptsächlech vum Äerdgas, an ass deemno net nohalteg. Allgemeng wier awer och grénge Waasserstoff just ee vun enger ganzer Rei Facteuren fir déi energetesch Transitioun virun ze dreiwen.