
Fir eis Ekipp vun Auslands-Korrespondent(-innen) ze verstäerken, siche mir fir direkt Mataarbechter(-innen), déi Spaass u journalistescher Aarbecht hunn.
Dir studéiert zu London oder zu Paräis an hutt ewell am journalistesche Beräich geschafft. Dir sidd en Aficionado vun der Aktualitéit.
Dir interesséiert Iech fir Politik a Sport, fir Kultur a Lifestyle.
Dir sidd stress-resistent an teamfäeg,
flexibel, dynamesch an engagéiert.
Dir huet eng gutt Stëmm.
Dir wëllt och mat Biller schaffen.
Dir interesséiert Iech fir d'Lëtzebuerger Sprooch
a beherrscht och hir Orthographie.
Wann Dir Iech an dësen Aussoe selwer erkennt an eng nei Erausfuerderung sicht,
da mellt Iech bei eis:
Well da sidd Dir eis Fra oder eise Mann!
Dir sidd interesséiert, d'Equipe ze verstäerken, an och gewëllt, mat RTL Radio Lëtzebuerg, RTL Télé Lëtzebuerg an RTL.lu, 5 Minutes an RTL Today zesummenzeschaffen?
Da schreift eis!
Mailt eis Äre CV w.e.g. mat Foto, Adress an Telefonsnummer souwéi engem Motivatiounsbréif op Lëtzebuergesch op:
Mir freeën eis op Iech!